Cäciliefeier Chorale Ste-Cécile Walferdange 2020

Traditiounsgeméiss huet d'Walfer Chorale Ste-Cécile den 21. an 22. November d'Fest vun der Helleger Caecilia gefeiert, wann och d'Feier dëst Joer pandemiebedéngt méi einfach ausgefall ass. An der Houmass Sonndes goufen zwou verdéngschtvoll Sängerinnen gefeiert. A Präsenz vum Här Weihbeschof Leo Wagener, Paschtouer zu Walfer, an der Dirigentin Elisabeth Schmit, huet de President Jos Turmes den Dammen Liette Lamesch-Pansin an Liliane Siweck-Seil d'Pius-Goldplakett fir 50 Joer Asaz am Déngscht vum Kiirchegesang iwwerreecht an hinnen am Numm vun der ganzer Chorale en härzleche Merci gesot.