Generalversammlung Chorale Sainte-Cécile Walferdange - 25 Joer Direktioun

D‘Chorale Sainte-Cécile asbl huet den 23.3.2022 hir jäerlech Generalversammlung am Centre Prince Henri gehat. D’Begréissung vum Präsident Jos Turmes goung fir d'éischt un den Här Buergermeeschter mat Vertrieder vum Gemengerot, den Här Weibëschof Leo Wagener, den Här Paschtouer Denis Wellisch, d’Präsidentin vun den Œuvres paroissiales Madame Edmée Schmit-Streff an d’Präsidentin vum Conseil pastoral paroissial Madame Odette Buyse-Nepper, an un d'Sänger.

Eng Gedenkminutt gouf ageluecht fir verstuerwe Memberen a fir d'Krichsaffer aus der Ukraine. Mercië goufen et fir déi hëllefräich Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de lokalen kierchlechen Organisatiounen, fir d’Memberen an Éierememberen, besonnesch fir déi mat den zousätzlechen Aufgaben, fir d’Organisten, speziell den Här Roger Goodwyn fir säin aussergewéinleche Concert zesummen mat der Madame Christiane Dennemeyer op der Flûte am Mäerz.

De Keesen- an den Aktivitéitsbericht hu gewisen dass de Veräin riichtduerch äerdeg ass an zesummen am vergaangene Joer120 Asätz bewältegt huet. D‘Dirigentin Madame Elisabeth Schmit leet de Gesank gekonnt zënter 25 Joer an ass dofir extra geéiert ginn. No e puer frëndleche Wieder vu verschiddenen Éieregäscht ass dofir d’Sëtzung mat enger klenger Feier ofgeschloss ginn.