Uerdentlech Generalverammlung 2021 Chorale Sainte-Cécile Walferdange A.S.B.L.

D’Chorale Sainte-Cécile vu Walfer huet hir Generalversammlung am Festsall vum Centre Prince Henri den 14. Mee 2021 ofgehaal, e bësse méi spéit wéi gewinnt an am Respekt vun de Covid19-Restriktiounen. De President Jos Turmes huet déi ugemellte Memberen an d'Gäscht aus Gemeng a Veräiner begréisst an em eng Gedenkminutt fir d'vertuerwen Unhänger gebieden. Hien huet bestëmmten Memberen fir hir besonnesch Chargen Merci gesot an och den Porvertrieder an der Gemeng fir déi gutt Zesummenaarbecht an Ënnerstëtzung. Den Ordre du Jour huet Berichter bruecht iwwer déi geleeschten an déi ausgefaalen Aktivitéiten an d'Keess vum Veräin. D'Dirigentin Elisabeth Schmit huet de Sänger fir hiren treien Asaz Merci gesot. Den Här Paschtouer Leo Wagener huet ënnerstrach dass d'Weiderféieren an déi verléisslech Präsenz vum Chouer an dëser Zäit keng Selbstverständlechkeet ass. De Buergermeeschter François Sauber huet d'Chorale felicitéiert an hir déi weider Ënnerstëtzung vun der Gemeng zougeséchert.