Generalversammlung Chorale Sainte-Cécile Walferdange 5.3.2020 - Mat neie Sänger

De 5. Mäerz hat d’Chorale Sainte-Cécile vu Walfer hir Generalversammlung a Präsenz vu ganz ville Memberen a Gäscht aus Por a Gemeng. No der Begréissung duerch de President Jos Turmes an enger Gedenkminutt ass den Ordre du Jour ofgelaf. An deene verschiddene Berichter war ze héieren dass dat vergaangent Joer vill Aarbecht awer och vill Succès bruecht huet. Besonnesch fir de Concert zesummen mat der Chorale Sainte-Cécile vu Steesel krut de Chouer vill Felicitatiounen. Déi gutt Zesummenaarbecht vun deenen 2 Chéier gouf allgemeng staark begréisst. D'Dirigentin Elisabeth Schmit huet de Sänger dofir a fir den Asaz vum ganze Joer Merci gesot. Si war frou 2 nei Sänger virstellen ze kënnen. D'Keess steet sech gutt, haaptsächlech duerch den Erfolleg vun der Gaardeparty dank der grousser Ënnerstëtzung vun de Walfer Leit. E weideren Héichpunkt war de flotten Ausfluch an d'Haute Savoie am Summer 2019. Fir 2020 huet d'Chorale 2 Invitatiounen vun anere Poren fir d'Kiermesmass sangen ze kommen. Dat ënnersträicht hire gudde Ruff. Den Här Paschtouer Leo Wagener huet de grousse Pensum vum Kierchechouer betount. Nom Ofschloss vum Ordre du Jour sinn d'Leit nach eng gutt Zäitchen bei engem Patt zesumme bliwwen.