Cäciliefeier Chorale Ste-Cécile Walferdange 2021

Den Sonndeg 21.11.2021 huet d’Chorale zu Éieren vun der Hl. Cäcilia d‘Sonndesmass verschéinert mat der Mass vum C. Rodenbour fir déi den P. Colombo den 3-stëmmege Saz geschriwwen huet.

No der Mass gouf d’Madame Liz Boever fir 5 Joer Asaz am Kierchechouer geéiert.

Duerno huet d‘Chorale am Porhem bei gesellegem Zësummesinn den Dag ausklénge geloss an eng Diashow iwwer déi lescht Veräinsrees an de Périgord genoss.