Scheckiwwerreechung

GuddeMoien,

Giw dir folgenden Artikel mat Foto w. e. g. an deenen nächsten Deeg am Letzebuerger Wort publizéieren:

Generalversammlung vun de " Fraen Weiler-Haassel "

De 25. Januar 2016 hunn d'Fraen vu Weiler-Haassel hier Generalversammlung am Festsall "An Huef " ofgehaalen.
Och am Joer 2015 woar d'Mëttegiessen mat Kaffisstuff an Tombola, dat all Joer am Oktober organiséiert gëtt, nees e groussen Erfolleg an dat duerch die wäertvoll Mathëllef vun de Memberen, der Gemeng, an de Sponsoren.
D'Präsidentin, d'Susie Welfring, huet allen duerfir e ganz grousse Merci gesoot

Uschléissend goufen 2 Schecken vun jeweils 3100 € un d'Associatioun MSF an un d'Caritas iwwerreecht fir hier Programmer " Hëllef fir Flüchtlingen"
Bei dëser Geleeënheet huet d'Chorale vu Weiler-Haassel sech mat engem Don vun 2000 € fir die 2 Vereenegungen ugeschloss

Uschléissend hun d´Madame Marie-Josée Jacobs, Presidentin vun der Caritas, an den Dr Berchem vun MSF, eis iwwert hiere Projet „ Hëllef fir d´Flüchtlingen „ informéiert.

Den Owend goef bei engem gudde Patt an delikate Schnittercher ofgeschloss.

Villmools merci am viraus.
Josée Schlammes

D'Foto ass vum Aloyse Theisen.