Cäcilienféier vum Weimeschkiercher Gesang

De leschte Sonndeg huet de Weimeschkiercher Kierchegesang d'Fest vun der Helleger Cäcilia geféiert. Dëse Festdag huet mat enger feierlecher Mass fir déi liewend a verstuerwe Membere vum Veräin ugefaang. D'Mass gouf vum Dechen Albert Backes zelebréiert. De Chouer huet ënnert der Direktioun vum Aloyse Colombo, an op der Uergel begleet vum Fernand Aust, d'Eucharistie mat hire véierstëmmege Lidder verschéinert.

Zum Schluss vun der helleger Mass huet den Dechen Albert Backes der Madame Nicole Olm-Franziskus d’Bronzemedail fir 10 Joer aktiv Sängerin an dem Här Romain Schroeder fir 30 Joer aktive Sänger d’Goldmedail vum Piusverband iwwerreecht..

Uschléissend goufen d'Feierlechkeete mat engem Festbanquet am Restaurant "Weidendall" zu Koplescht weider. No engem herrleche Menu kruten den Dirigent Aloyse Colombo, den Organist Fernand Aust an de President Guy Losch e praktesche Cadeau als Merci fir hiren onermiddlechen Asaz am Verein iwwerreecht.