Generalversammlung vum Weimeschkiercher Gesang


De President Claude Bourmer huet d'Generalversammlung vum Weimeschkiercher Kierchegesang ugefaang an deems hien all ons Gäscht begréisst huet an och mat enger Gedenkminutt un onse verstuerwenen Éierepresident Robert Bofferding , d‘Memberen an Éieremembere geduecht huet.

Uschléissend huet de Sekretär Romain Schroeder sei Bericht iwwer d'Aktivitéiten am Joer 2010 gemaach a festgestallt dass de Veräin am ganzen 123mol am Asaaz war

De Caissier Jos Zenner huet an sengem detailléierte Bericht Stellung geholl iwwert dem Gesang seng Finanzen. Hie stëllt fest dass de Veräin eng zolidd finanziell Basis huet.

Am Punkt 5 vun der Dagesuerdnung huet de President de Carlo Klopp als néie Member presentéiert. De Carlo ass mat engem groussen Applaus an de Gesang opgeholl gin.

Während der fréier Aussprooch huet den Dirigent Aloyse Colombo de Sängerinnen a Sänger e grousse Merci ausgedréckt fir hir trei zum Verein.

No enger fräier Aussprooch huet de President d'Generalversammlung ofgeschloss.

De Comité stellt sech folgenderweis zesummen: President Claude Bourmer, Dirigent Aloyse Colombo, Präses Albert Backes, Vizepresidentin Angèle Goergen, Vizepresident Guy Losch, Sekretär Romain Schroeder, Caissier Jos Zenner, Membere vum Comité: Rose Kollwelter, Marie-Jeanne Lamesch, Norbert Schroeder