Generalversammlung vun de Munnerefer Mais FNEL Scouten a Guiden

Den Grupp besteet an sengem 3. Joer an huet zur Zait 26 aktiv Memberen: 15 Scouten (11-14 Joer) an 11 Wellefcher (7-10 Joer)
Iwert d’Joer huet den Comité, deen aus 8 Leit besteet, an Zesummenaarbecht mat der Cheffenéquip e gutt gefellten Programm offréiert, wou mat Ralley’en, Sortie’en an den Besch an Camp’en bestemmt fier jiddereen eppes dobei war. Dem Grupp ass et och ganz wichteg bei offiziellen Evènementer an der Gemeng Präsenz ze weisen (e.a. den Faakelzuch fier d’Buergbrennen an den Cortège fier Nationalfeierdaach).
All Kand teschend 7 an 14 Joer, daat Loscht huet mat gleichaltregen Frenn sennvoll seng Freizäit ze verbrengen ass härzlech invitéiert, 1x laanscht ze kommen an sech d’Saach unzekuken. RV ass Samschdes Moies em 10 Auer bei der aaler Schoul zu Altwiis. Och jonk Leit, déi sech net scheien Responsabilitéit ze droen an sech bénévol ze engagéieren, sinn härzlech welcome fier d’Cheffenequip ze ennerstetzen.