Summercamp vun de Munnerefer Mais zu Mayrhofen

D'Munnerefer Mais, FNEL Scouten a Guiden vu Munneref, ware vum 27.07. bis den 05.08.2013 op dem Summercamp an der Partnerstad Mayrhofen am Zillertal.
D'Scouten hunn op dësem Camp ganz vill flott Aktivitéite gehat. Si waren um Klettersteig zu Mayrhofen, hun Rafting an Tubing gemaach, flott Trëppeltouren, Lamatrekking a waren op Besuch an der Zillertaler Erlebnissennerei. Mëttwochs den 31.07. war "porte ouverte" op eiser Campplaaz a mir haten den Här Buergermeeschter Günther Fankhauser op Besuch an och Memberen aus dem Gemengerot. Kanner vu Mayrhofen waren och agelueden an hun verschidden Aktivitéite mat eise Scoute matgemaach.