Trëppeltour vun der Amicale vun de Munnerefer Mais

Kierzlech hat d'Amicale vun de Munnerefer Mais op een Trëppeltour invitéiert. Et hate sech an déi 20 Frënn vun de Munnerefer Mais afonnt fir vun der Zone d'activités économique le Triangle Vert aus bis op Rëmerschen ze trëppele fir Erklärungen ze kréien iwwert den Energiepark mat der Wandmillen, iwwert de Waassertuerm an de Wasserbehälter vu Rëmerschen. No den interessanten Erklärungen ass et erëm zréck Direktioun Munneref gaangen. Zu Elwéng ass bei engem gudde Patt an engem gudde Maufel eng Paus gemaach ginn éiert dat lescht Stéck vum Wee an Ugrëff geholl ginn ass. E grousse Merci un de Will Schott als Responsabele fir d'Organisatioun vun deem intressanten Tour. Fir d'Fréijoer ass déi nächst Editioun schonn am plangen.