Munnerefer Mais - Scoutsjoer 2011/2012 fänkt un

Den 01.10.2011 ab 10h00 fänken bei de Munnerfer Mais FNEL Scouten a Guiden d'Aktivitéiten erem un.
D'Wëllefcher an d'Scouten hun hir Versammlungen emmer Samsdes vun 10h00 bis 12h00 an der aaler Schoul zu Altwies.
Fir dei eischt Versammlung sin d'Elteren och härzlech invitéiert fir eis ab 11h30 besichen ze kommen. Mir stellen dann de Programm vum 1ten Trimester vir.
Aktuell Informatiounen sin um Internetsite www.muma.lu ze fannen.
Eise Groupe sicht och emmer Jonker oder manner Jonker dei bereet sin sech an eiser Cheféquipe ze engagéieren.