Vizfest vun de Munnerefer Mais

D'Guiden a Scoute vu Munneref sinn äifreg derbäi hiert d'Vizfest ze preparéieren. De Sonndeg den 18. September ass d'Vizfest zu Munneref an der Avenue des Bains am Kader vum Familljen a Kannerfloumaart. De Floumaart gëtt vun der UCAM (Union Commercial et Artisanale Mondorf) organiséiert. D'Munnerefer Mais verkafe Viz an alles wat mat Äppel ze dinn huet.
Dësweidere verkafe mir och um Floumaart Kannerspillsaachen. Den Erléis dovu gëtt un d'FNEL-ONGD Eclaireurs et Eclaireuses pour le Développement Communautaire ASBL gespent.