4 Events an enger Woch vun e Sonndeg un!

Eng aussergewéinlech Woch läit virum FC Avenir Beggen well vum kommende Weekend un 4 Evenementer wäerten innerhalb vu just 8 Deeg an der Dunant-Strooss stattfannen. Fir d'éischt trëfft den FC Avenir am Spëtzematch vum 2.Bezierk vun der 1.Divisioun dëse Sonndeg, 10.Mäerz um 16h op den FC Rodange 91. Dann huet d'FLF den ofgesote Match géint Berbuerg op den nächste Mëttwoch, 13.Mäerz geluet. Ustouss an der Dunant-Strooss ass deen Owend um 19h30.

Gaelic Sports an iresch Kultur gëtt et da Samschdes, den 16.Mäerz um Beggener Terrain ze gesinn, wa vun 11h muerges un Show-Matcher am Hurling a Gaelic Football gespillt ginn. Dësen Dag gëtt am Kader vum ireschen Nationalfeierdag, dem St.Patrick's Day, organiséiert. Deen Dag selwer, de 17.Mäerz, spillen d'Wiichtelcher dann hiren drëtten Heemmatch innerhalb vun enger Woch an zwar um 16h géint Izeg. Jiddereen ass also wëllkomm op Beggen ze kommen fir eng flott Woch ze erliewen!

[ Quell: www.wichtelweb.net ]