Alt erëm: Ofso wéinst ëm Schnéi

'Täglich grüsst das Murmeltier' kéint ee säit ëm Ufank vum Joer 2013 soen an et hält een et bal net fir méiglech, mä de Schnéi mécht ëm Fussball – awer net just ëm Fussball – fir d'Nodrosmatcher (!) déi fir muer Mëttwoch virgesi waren alt erëm e Stréch duerch d'Rechnung.

Wéi der Iech deemno schonn kënnt denken ass de Match tëscht Beggen a Berbuerg, dee muer den Owend hätt sollten an der Dunant-Strooss gespillt ginn, op en Neits ofgesot ginn, esou wéi all d'Matcher vun der Éirepromotioun bis erof an d'3.Divisioun déi fir muer virgesi waren. Bis op Weideres bleift d'BGL-Ligue emol um Programm. Wéini d'Matcher dann erëm nogeholl ginn, gouf nach net matgedeelt. An den ënneschten Divisioune stinn nach eng Rei Ersatzterminer op, déi all op e Mëttwoch falen.

Wéi et fir de Weekend ausgesäit, wou jo mam St.Patrick's Day a mam Match géint Izeg och nach genuch sollt lass sinn zu Beggen, steet nach an de Stären. Éischt Previsiounen gesinn net wierklech besser aus, och wann d'Temperature solle liicht klammen, kann et awer zu Reen a Schnéireen kommen. Mir halen Iech op alle Fall um Lafenden.

[ Quell: www.wichtelweb.net ]