Vill Ännerungen duerch Neiusetzungen


D'FLF huet elo d'Spillpläng vun den ënneschten Divisioun en ugepasst, virun allem wat elo Enn Mäerz an de Mount Abrëll betrëfft. Generell si quasi all Matcher no hanne verréckelt ginn, de genaue Programm vun der 1.Equipe vum Mount Abrëll esou wéi de komplette Programm kënnt Der Iech op www.wichtelweb.net ukucken.

De 14.Spilldag an der 1.Divisioun, inkl. de Match Beggen – Berbuerg gëtt elo de 7.Abrëll gespillt. Eng Woch méi spéit fënnt dann d'ausgefalle Partie tëscht Beggen an Izeg statt (17.Spilldag). Déi ursprénglech Matcher vun deenen Datumen, esou wéi déi aner och, ginn domatter no hanne geréckelt. Fir de Mount Abrëll bedeit dat, datt den 21.4. Beggen géint Weiler spillt (19.Spilldag) an den 28.Abrëll Jonglënster géint Beggen (20.Spilldag).

Fir de Mount Mäerz bleift de Match dëse Sonndeg um 16h zu Mënsbech normal um Programm an och de Match an der Coupe FLF zu Réimech op Ouschtersamschdeg, 30.Mäerz, gëtt wéi virgesinn um 18h gespillt. Nach keng Neiegkeeten gëtt et zu den Nohuelterminer vun der Jugend.

[ Quell: www.wichtelweb.net ]