Beggen-Berbuerg ofgesot, Testmatch zu Lëntgen

De Wanter huet de Fussball weider fest am Grëff! Obschonn am Zentrum vum Land, wéi och zu Beggen, gréisstendeels kee Schnéi méi op den Terrainen läit, huet d'FLF entgéint hirer Ukënnegung vu Mëtt der Woch de komplette Spilldag vun dësem Weekend ofgesot. Deemno gouf net wéi ursprénglech virgesinn vu Fall zu Fall an op der Plaz entscheed.

Trotz, datt kee Schnéi méi an der Dunant-Strooss läit, wier de Verletzungsrisiko ze grouss gewiescht, well den Naturwues zu Beggen net just immens knubbeleg ass, mä och steenhaart gefruer, wat virun allem mat sech bruecht hätt, datt Spiller séier ëmgeknéckt wieren, wat natierlech kee Sënn gemat hätt. Dofir ass dann och d'Partie vu muer tëscht de Wiichtelcher a Berbuerg annuléiert. Wéini d'Matcher nogeholl ginn, ass nach net gewosst.

Kuerzfristeg ass et dann awer op mannst fir d'Beggener Supporter déi positiv Noriicht, datt trotzdem muer Fussball gespillt gëtt. De Verantwortlechen ass et nämlech gelongen séier e Frëndschaftsmatch ze organiséieren an zwar spillt den Avenir da muer um 15h zu Lëntgen um syntheteschen Terrain géint den FC Minerva. En Test dee ganz wëllkomm ass, vue datt Beggen bis elo eréischt een eenzege Match an der Preparatioun konnt spillen.

[ Quell: www.wichtelweb.net ]