Avenir Beggen - The Belval Bieles 1-1

Duerch eng mangelhaft Chanceverwäertung verschenkt Beggen eng Victoire géint Bieles a kann doduerch net vun de Fehltrëtter vu Rodange, der US Esch a Berbuerg profitéieren. Verletzungsbedéngt net derbäi ware Ribeiro a Lombardini, esou wéi déi Laangzäitverletzten A.Da Silva a Spencer. No senger Spär stoung dogéint de Ben Greiveldinger erëm an der Ufanksformatioun.

An der éischter halwer Stonn sollt d'Lokalequipe sech kloer Virdeeler erausschaffen an et huet geschéngt, wéi wann et just eng Fro vun der Zäit wier, éier e Goal géif falen. Virun allem den Troncao huet d'Bieleser Verdeedegung viru munch Problemer gestalt, esou z.B. no 12' wéi hien no Pass vu riets vum Krings aus ronn 11m volley ofgezunn, mä dee Schoss goung driwwer. Bieles konnt net richteg klären an nach an der selwechter Spillminutt war et erëm den Troncao, deem säi Schoss dës Kéier ofgeblockt ginn ass. No 17' krut de jonke Beggener e feste Dréischoss op de Goal, mä leider och riicht op de Keeper, deen d'Situatioun konnt am Nofaassen entschäerfen. D'Wiichtelcher ware beméit, mä et sollt nach um néidege Gléck virum Goal fehlen. No 25' huet den Demeyer op lénks vun der Grondlinn an de 5m-Raum gepasst wou e Schoss in extremis ofgeblockt ginn ass. Bieles konnt de Ball net richteg klären, den Troncao huet sech en Häerz geholl an aus 35m ofgezunn, mä dës Granat huet de verdutzte Schlentz, deen eppes ze wäit viru sengem Goal stoung, gesi knapp lénks laanscht d'Këscht fléien. No enger halwer Stonn ass e Fräistouss vum Avenir duerch den Demeyer aus ronn 20m riicht an ëm Keeper seng Ärem gaangen. No 36' eréischt sinn d'Gäscht fir d'éischt an de Beggener Strofraum komm, mä de Mersch konnt de Ball virum Sven Schiltz offänken. 2' méi spéit huet de Beggener Keeper e Fräistouss vum Shala gehalen, dat Ganzt nodeems de Match virdrun wéinst engem héije Fouss vum Durao ënnerbrach gi war. D'Wiichtelcher hu Bieles elo ze vill komme gelooss, mä nawell hate si virun der Paus nach zwou méi kleng Chancen duerch de Ramcilovic, déi näischt abruecht hunn.

Bieles ass nom Téi esou weidergefuer wéi se virdrun opgehal hunn an 2' no der Paus huet de Mersch en Distanzschoss vun de Minetter gehalen. No 48' huet de Krings sech op riets duerchgesat, op den Troncao ofgeluet, mä deen huet de Ball riets nieft de Goal geschoss. No 50' koumen d'Gäscht no engem Fräistouss vu lénks zu enger duebeler Chance wéi Beggen de Ball net ewech krut, schlussendlech hu si de Ball awer wäit riets derlaanscht geschoss. Am Géigenzuch huet den Almeida just e schwaache Schësschen ronn bruet, mä nëmme Sekonne méi spéit sollt et endlech rabbelen: no Pass vu lénks vum Demeyer steht den Troncao ganz eleng kuerz virum 5m-Raum a brauch just de flaache Fouss dohinner ze halen an et steet 1-0. 5' drop huet de Mersch in extremis mat de Féiss virum Sven Schiltz gekläert, an der 59.' huet de Bieleser Defay e Schoss aus ronn 20m vill ze héich ugesat. Am uschléissende Konter kënnt de Krings erëm op riets duerch, leet erëm of fir den Troncao, mä Bieles war e Schrëtt méi séier a konnt de Ball a Corner klären. No 63' koum et zu engem Bieleser Konter, de Martins zitt aus 16m of, mä de Mersch hält och hei sécher. 1' drop huet de Ramcilovic aus gudder Positioun an no Doppelpass mam Troncao eng gutt Geleeënheet komplett verzunn. Bieles hunn elo ëmmer méi op Konter gelauert, no 68' huet de Rock missen en Tackling am Strofraum riskéieren fir eng Pass virun de Goal ze klären. 1' méi spéit ass e Schoss vum Almeida gekläert ginn, den Noschoss vum Ramcilovic ass laanscht de Goal gaangen. Weider 2' drop huet den Nimsgern sech op lénks géint 3 Mann duerchgesat, mä säi Schoss ass iwwer d'Lat gaangen. Op der anerer Säit war et en Distanzschoss aus ronn 35m vum Da Costa, deen de Mersch am Nofaasse konnt hale. No 75' erreecht eng Pass vum Ramcilovic den Demeyer, deen aus 7m laanscht de laange Poteau gezielt huet. 2' drop krut Bieles en emstriddenen 11m gepaff: de Greiveldinger krut aus 2m de Ball un den ugeluechten Aarm geschoss an de klenglechen Arbitter päift Händs: de Sven Schiltz trëtt un a suergt fir ausgläichend Gerechtegkeet, well hie vum Punkt e gudden halwe Meter iwwer de Goal geschoss huet. Mä hie sollt dann awer nach zu sengem Goal kommen: no 80' taucht hien eleng virum Mersch op nodeems e Beggener Verdeedeger ewech gerutscht war a schéisst mat hëllefen vum laange Poteau de schmeichelhaften Ausgläich (1-1). Zwou manner gutt Chance goufen et dann nach fir Beggen an der Schlussphase duerch den Almeida an de Lommel, éier an der Schlussminutt de Lommel no Viraarbecht vum Almeida eng besser Geleegenheet verzunn huet. An der 3.Minutt vun der Nospillzäit fält dunn nach ëm Sven Schiltz eng Flank riicht op d'Féiss, mä hie war wuel ze vill iwwerrascht, fir ze reagéieren éier de Mersch de Ball sécher ënner sech begruewe konnt. Weider geet et schon dëse Mëttwoch um 19h30 bei der US Esch.

Opstellung vu Beggen: Mersch (GK), Suarez, Nimsgern, Durao, Greiveldinger, Troncao (51.' 1-0, 82.' Lommel), Almeida, Krings (C), Rock, Ramcilovic, Demeyer (68.' giel, 90+3.' De Sousa)

[ Quell: www.wichtelweb.net ]