Den F.C. Préizerdaul-Réiden behält d'Nerven!


Um zweetleschte Spilldag war et schon sou gudd wéi entscheed, ma gëschter gouf et definitiv realiséiert. Ee 0-0 zu Schieren goung duer fir och d'Saison 2011/2012 kënnen an der 1. Divisioun ze spillen. Gläichzäiteg huet Wëntger zwar 3-1 gewonn, ma dat goung einfach net duer, nodeems et fir de Préizerdaul matt engem 3-Punktevirsprong an de leschte Spilldag goung.
Et ass also gepackt. Déi schwéier éischt Saison nom Opstig ass erfollegräich iwwerstan an lo lafen d'Virbereedungen fir déi nächst Saison un. Vue dass et zum Schluss nach méi eng gouf wéi een hätt kéinte mengen, muss natierlech zousätzlech verstärkt ginn!