Orania Vianden - F.C. Préizerdaul-Réiden

De Sonndën, 27. Mäerz wor den FCPR bei der Orania vu Veianen op Besuch. Ongeschloën an der Réckronn ass den FCPR matt enger gudder Portioun Selbstvertrauen ugetrueden. Matt 3 Punkten hätt ee kéinten un der ieweschter Tabellenhalschent krazen.

Den FCPR huet och vun Ufank un Drock gemeet a sech Chancen rausgespillt. De Marco hätt matt engem direkte Fräistouss fir den 1-0 suerge kënnen, säi Schoss huet de Goal ewer knapp verfeelt. Puer Minutte méi spéit huet heen dunn ewer zougeschlo. No engem Duercherneen am Strofraum huet hee vum 11ter ofgezunn an markéiert.

Mam verdéngten 0-1 goung et och an d’Paus. Veianen war einfach net gudd genuch an konnt sech kéng Chance rausspillen. Just iwwer Standardsituatioune wore sie geféierlech.

An der zweeter Halbzeit huet d’Saach dunn awer ganz anescht ausgesinn. Veianen huet d’Heft an d’Hand geholl an den FCPR krut sech net méi befreit. Ëmmer rëm hunn sie ee geféierlecht Spill iwwer déi riets Sait ofgezunn. No enger scho geklärter Situatioun koum de Ball eng zweete Kéier an de Strofraum an du Stung de Veianer Spiller goldrichteg fir mam Kapp ze markéieren. D’Ofwier vum FCPR huet dobäi ganz schlecht ausgesinn, zumols besote Spiller bei all den héiche Bäll geduebelt gouf an trotzdeem markéiert huet.

Den 1-1 wor och d’Schlussresultat. Opgrond vun 2 komplett ënnerschiddlechen Halbzeiten geet dëst Resultat ewer sëcher an d’Rei, obwuel den FCPR Chance hat net nach ee Goal kasséiert ze hunn.