F.C. Préizerdaul/Réiden – A.S. Wëntger

Um Sonndëgmëtten, 20. Mäerz huet den FCPR d’Amicale Sportive vu Wëntger empfaang. No de Matcher géint Iechternach an Colmar-Berg goung et also fir drëtte Kéier géint een direkte Konkurrent am Ofstiegskampf, och wann den FCPR sëch no deene 6 Punkte géint Iechternach a Kolmer liicht distanzéiert hat.

Den FCPR huet vun Ufank un de Match an d’Hand geholl, ma et huet un der Chanceverwertung gehappert. Wëntger krut seelen d’Geleegenheet sech ze befreien.
Matt 0-0 goung et an d'Paus.

Den FCPR huet ewer kuerz no der Halbzeit seng Iwwerleenheet a Goaler ëmgemënzt a goung matt 1-0 a Féirung. Duerno huet d’Equipe vun der Atert nach eng Schëpp dropgeluecht an op 2-0 erhéicht. Kuerz drop konnt och den 3-0 markéiert ginn. Wëntger huet ewer net opginn sou koumen sie nach zum 3-1 ier den FCPR de Sak zougemeet huet.

Kuerz virun Enn gouf nach ee Spiller vu Wëntger fréizäiteg an ‘Dusch geschéckt nodeems en seng Hänn net vun dem Hochzäitsgeschier vum Spillertrainer vum FCPR konnt loossen.

Bescht Spiller :
FCPR – Paiva, Hoffmann
ASW – Piret, Freichel

Goaler:
1-0Ruben
2-0Johny
3-0Alex
4-0Alex

Auswiesslungen :
Alex fir de Ruben
Johann fir den Johny
Filipe fir den Tom

Matt éngem 4-1 konnt den F.C. Préizerdaul/Réiden sech also weider vun der geféierlecher Zone ofsetzen a kéint matt 3 Punkten zu Veianen dëse Sonndën, 27. Mäerz schon un de Plazen an der iewechter Tabelleregioun krazen.