S.C. Ell II - F.C. Préizerdaul/Réiden II

Leschte Freiden, 18. Mäerz wor et rëm sou wäit. Derbytime zu Ell! Wuel ass am Reservematch net déi Brisanz dran wéi bei de Seniors 1, mee nodeems d'éischt Equipe vum FCPR lescht Saison opgstiegen ass (an déi Eller net) sinn d'Matcher vun der 2. Equipe déi lescht Méiglechkeet fir dem éiwege Konkurrent eng auszewëschen.

Den FCPR huet de Match vu vir ran dominéiert an sech och méi Goalchance rausgespillt. Sou huet et och net laang gedauert bis et déi éischte Kéier geschellt huet. Kuerz drop sinn och de 0-2 an den 0-3 gefall. Nodeems den FCPR matt 0-3 a Féirung gaang ass, haten déi Eller just virun der Halbzeit eng gudd Goalchance fir sech vum Schock vun den 3 Géigegoaler ze erhuelen, hunn dës ewer net genotzt.

D'Resultat no 45 Minutte wor also däitlech an déi Eller haten och duerno net vill entgéint ze setzen.

Den Tempo deen den FCPR déi éischt Halbzeit ugeschlo hat, huet matt Sëcherheet dozou gefouert dass de Match an der zweeter Halbzeit u Niveau ofgeholl huet. Mee och déi aggressiv Astellung vun der Equipe vun Ell huet vill dozou bäigedro.

Den FCPR gewënnt da schlussendlech verdingt matt 3-0 géint den S.C. Ell an ënnersträicht seng Ambitiounen nach eng Kéier an den Opstiegskampf wëllen anzegräifen.