Derby SC Ell – F.C. Préizerdaul-Réiden de 7. Mäerz 2010


D’Sonn stung schon déif an e Nord-Ost Wand huet geblos. Autoë laanscht Strooss, Autoën hanereneen, Autoën iwwerall. Mee wat ass lass ? D'Spannung loung well säit laangem an der Loft. Iwwer deenen zwee Dierfer, iwwer dem ganze Kanton… Spéitstens gëschter, um Terrain laanscht d'Atert, wor se gräifbar. Ech erënneren hei un een Zitat vum Michael Zorc deen d'Wichtegkeet vun engem Derby eng Kéier sou beschriwwen huet: "Wenn du dieses Spiel verlierst, fühlst du dich ein Jahr lang wie ein Hund". Deen éischte Match hat den F.C. Préizerdaul-Réiden (FCPR) jo verluer. 0-2, nët dramatësch, ma et huet seng Wonnen hannerlooss. Et loung anscheinend dorunn dass verschidde Spiller sëch net bewosst waren ëm wat et geet. Vläit war et och einfach nëmmen ee schlechten Dag. Ell hat jiddefalls direkt um Ufank vun der Saison d’Verhältnisser kloër gestallt an hiere Virsprong an der Tabell weist dass déi bis lo mol sou richteg waren.

Gëschter war et dann ërem sou wäit. Gudd preparéiert hunn d’Fans vun deenen zwou Équipen ongedëlleg op den Upaff gewaart. D’Kulisse wor nees do fir ee Fussballfest ze feieren, an dat och, well bei souengem Match ëmmer neutral Leit de Wee un den Terrain fannen. Souguer déi niddreg Temperaturen ëm de Gefréierpunkt hu keen ofgeschreckt. Knapp 400 Leit bei éngem 2. Divisounsmatch ? Verschidde Veräiner aus der Nationaldivisoun dreeme vu souenger Zuel.

SC Ell géint den FCPR, dee « Straßenfeger » aus dem Réidener Kanton. Mir schwätzen hei jo och vun DEM Derby, net ze vergläichen matt Fola géint Jeunesse, net sou rar wéi Etzella géint Young Boys, méi brisant wéi Rammerëch géint Foulscht. Musék, Trommelen, Béier, Iwwerhiewlechkeet, Frechheet, jo souguer e bëssen Haas, dat ass DEN Derby. Wann Ell an de Préizerdaul openeen treffen, ass et eppes Besonnesches. D’Stëmmung ass garantéiert, d’Gestëppels ass omnipräsent, de Béier leeft, de Wupp brutzelt an d’Fans sangen.

Sou ganz nom Motto: "No der Hinnronn, ass virun der Réckronn" gouf sëch eng ganz Wanterpaus laang op dësen Event preparéiert. Déi zwou Mannschaften hunn dorop hi geschafft a setzen alles drun fir dee Match ze wannen. Deen haarden Training an deene läschte Wochen op Säiten vum FCPR huet gewisen ëm wat et geet. Ee 0-2 Réckstand ass jo och net sou einfach opzehuelen.

Um Punkt 17 Auer wor et dunn sou wäit. Et war vun Ufank un ee Match matt Kampf a Kraaft, Fouls a Fräistéiss. Den FCPR huet verhalen ugefaang, jo bal ängschtlech. Et hat een Gefill wéi wann dee Match aus der Hinnronn nach ëmmer op de Gemidder géif leien. Oder waren sie sech hierer Stärkt op dësem Dag bewosst ? Den SC Ell dogéint war scho präsent, huet Drok gemeet a Chance rausgespillt. No enger gudder Véirelstonn hat ewer och den FCPR de Wee an de Match fonnt an dunn ass et mol richteg lass gaang. Gudd Aktioune vun deenen zwou Equipen hunn d’Leit mattgerappt. Mee och un den eegenen Hoër gouf gerappt, well d’Nervositéit ëmmer méi grouss gouf. Dat kann dach net sinn… Abseits… Fräistouss… Dat war ewer just… Här Abiter, e rennt e vun hannen an d’Féiss… Wat ass dat ee Gewulls do virum Strofraum… GOOOAAAAL !!! Virun der Halbzeit huet de Préizerdaul an énger Phase vu knapper Eller Iwwerleeënheet den 0-1 markéiert. No engem Hin an Hier am Strofraum geet den FCPR 0-1 a Féirung. Et gëtt matt de Fans zesumme gefeiert. Eng dach ongewinnte Situatioun fir Ell : Et ass bestëmmt eng gudd Zäitchen hier dass se géint den FCPR hanne woren.

Mam 0-1 goung et an Paus. Jidderee wor iwwerzeegt dass dat richtegt Freedefeier réischt déi zweet Halschent géif lass goën. Bei weem brennen d’Sicherungen duerch ? Weem gëtt et zevill ? Wee fillt sech vläit och ze sëcher ?

No der Paus huet den SC Ell jiddefalls gewisen, dass se net wëlles haten sou séier opzeginn. Mee sie hu just gemengt se kéinten den FCPR ënner Drock sëtzen. A Wierklechkeet ewer huet deen matt enger onvergläichlëcher Souveränitéit an enger ganz roueger Ofwier all Ugrëff gemeeschtert. Jo, et gouf deen een oder anere Schoss op de Goal, de Claude Mausen huet mol misste paréiren, den Didi an den Aus deviéiren. Ma et war net zwéngend wat déi Eller gewisen hunn. Wuel huet hire Stiermer matt sénger Schnellegkeet alt mol Onsëcherheet rabruëcht, mee méi gouf et net.

De Préizerdaul huet meeschtens iwwer Konteren Gefor virun dem Gilles Degros säi Goal bruecht. Mee och do huet et um néidegen Ofschloss gefeelt. De läschte Wëllen huet ee vermesst, oder wollt kee Risiko agoën ? Et huet ee gemengt déi Eller kéinten de Match an d’Ha… GOOOAAAAL !!! An et geet dach. No engém schnell gespillte Konter gouf äiskal agenetzt. Ee Geniestreich vum Marco. Mooss geholl an den Eller Goalkeeper versat. D’Néierlag vun der Hironn wor ausgeglach. Mee och no deem zweete Goal war Ell na net geschloën. Sie hu weider Drock gemeet an et konnt ee sénger Saach wierklech net sëcher sinn. Et huet ee Corner gebraucht fir deenen Eller den Uschlossgoal ze schenken. Lo war se rëm do, d’Nervositéit, d’Onsëcherheet an d’Angscht op der Préizerdauler Säit, vläit e bëssen Hoffnung op Eller Säit.

D’Äntwert vum FCPR huet ewer net laang op sech waarde gelooss… GOOOAAAAL !!! A wat eng Äntwert ! No engem genialen Untrëtt op der Säit vum Marc Fisch steet an der Mëtt de Lex Lullingen goldrichteg fir nees eng Kéier äiskal ze verwandelen… An deem Moment gouf et kloër : Dës Kéier kafe mer eis déi Mauve. Déi Eller haten ee Mann manner um Terrain, d’Middegkeet vun hiere schwéire Laftraininger war an de Been… De Préizerdaul wollt et ewer net dobäi beloossen. D’Spiller an d’Fans wollte méi, eng Revanche, vläit o Kloërheet an GOOOAAAAL !!! Merci Manuel… D’Bier ass geschielt, den Zuch ass fort, de Kuch ass gebak an d’Mass ass gehal. Mam 4-1 goufen all Zweifel besäitegt, déi Eller ware geschloën. Bis zum Ofpaff gouf just nach gefeiert a gelaacht.

De scho bal traditionellen « Humba » huet natierlech net dierfe feelen. Wéi schéin ass deen dach op géignerëschem Feld a matt dräi Punkten an der Täsch.