F.C. Préizerdaul-Réiden “ladylike”

Säit gudd 3 Méint gëtt et se: ‘Dammenequipe vum F.C. Préizerdaul-Réiden. Et sinn héichmotivéiert Meedercher déi sech de Fussball als hir Sportart rausgesicht hunn. D’Opstiigsaison vun der 1. Equipe huet dee ganze Veräin markéiert, zesummegeschweesst an bei de Meedercher laanscht den Terrain d’Loscht op Fussball erwächt. Fir vill vun hinnen ass et deen éischte Sport deen se wierklech an hierem Liewë praktizéiren. Ëm sou méi haart woren déi éischt Traininger, mee matt engem kloren Ziel virun An gouf och déi schwéier Ufangszäit iwwerstan. Déi meescht ware sech bewosst dass se matt däer Entscheedung net nëmmen de Fussball kenne léiren, mee och hier eege Grenzen!

“Et brauch ee Gedold”, seet de Nicola Bevilacqua, iwwerdreiwt souguer liicht,”am Ufank kënnt et éngem vir wéi wann ee Poussins trainéiert.” Mee d’Gedold huet den Trainer, deen Erfahrung am Fraëfussball huet, net verluer an huet sech a séngem Kapp scho kloër Zieler gesat wat heen an deene nächste Joëre well ereechen. Dës Ambitiounen huet heen ewer och “sénge” Meedercher mattgedeelt, deenen dat eng zousätzlëch Motivatioun ass sëch dräi Mol d’Woch ze treffen fir ëmmer besser ze ginn. An zwou Theoriestonnen krut d’Equipe och den Abseits, Basistaktiken, Spillzich an d’Spill ouni Ball virgestallt.

Bis et dozou koum, woren ewer vill Problemer aus dem Wee ze raumen. Beim eegene Veräin ass d’Iddi vun énger Dammenequipe net direkt matt oppenen Ärm empfaang ginn. Fraleit a Fussball, dat passt dach net zesummen… Déi éischt Reaktioune wore skeptësch an et war net sëcher dass eng nei Equipe géif entstoën.

Vläicht war et och grad well dat Ganzt an der Euphorie ëm den Opstiig vun der 1. Equipe geschitt ass. War et just eng Momentopnahm déi d’Meedercher sou begeeschtert huet an d’Iddi vun der Dammenequipe just eng Loftblos déi no énger Zäit géif platzen? Wéi et schingt wore vill Membere vum Comité däer Meenung, well d’Entscheedung zur Grënnung vun énger Dammenequipe just mam knappste vun alle Resultater duerchgaang ass. Vill Leit wore net wierklech iwwerzeegt dass eppes doraus gëtt oder hu vläit och nach net gemierkt dass de Fussball net fir d’Männer reservéiert ass.

D’Meedercher hunn sech et dofir och net huele gelooss direkt beim éischte Match alles ze ginn an déi vill Skeptiker roueg ze stellen. Leider goung de Match zu Biissen no enger sensationneller 0-1 Féirung nach 2-1 verluer. Ma dat konnt d’Stëmmung deen Owend net briechen. Matt enger gudder Leeschtung hunn se ville Leit gewisen wat sie a kuerzer Zäit geléiert haten. Just konditionell goung et zum Schluss na net ganz duer fir matt ze halen. Mee deen éischte moralëschen Erfollëg war do a vill Leit déi virdrun net iwwerzeegt waren, goufen eppes Besseres geléiert!

Ewer net nëmmen de Fussball u sëch hunn d’Meedecher kenne geléiert. Et krut ee matt neie Leit ze dinn, et léiert ee nei Frëndinne kennen an d’Aktivitéiten ausserhalb vum Terrain droën dozou bäi den Zesummenhalt innerhalb vun der Equipe ze stärken. Well déi meescht bei null ugefaang hunn, wor et ëm sou méi einfach eng gudd Stëmmung opzebauen. Jiddereen huet u sëch a matt deenen aneren zesummen misste schaffen an doduerch ass den Equipegeescht entstan.

Bis zum Enn vun dëser Saison wäerten ‘Dammen vum FCPR net an de Championnat agräifen, mee bei der FLF Halemeeschterschaft sinn se dobäi a spillen déi éischte Kéier an engem richtege Concours matt. Dëst bedeit ee weidere Schrëtt an der Entwécklung vun der jonker Equipe. E puer Frëndschaftsmatcher si virgesinn, ënner aneren den 3. Dezember am Préizerdaul um 19h30 géint d’Meedecher vu Béiwen/Atert. No deem Match wäerten 2 Woche Wanterpaus gemeet ginn ier et dann an der Hal richteg lass geet.

Sidd der lo e bësse firwëtzeg ginn? Dann informéiert iech op www.fcpr.eu oder kommt einfach mol bei éngem Training oder beim nächste Match laanscht an entdeckt déi weiblech Säit vum FCPR!