Um Kannerfuesbal am Préizerdaul war eng méi lass

Um Kannerfuesbal, organiséiert vum Footballclub Préizerdaul- Réiden, deen dese Samsdeg, am Festsaal op der Fabrik am Préizerdaul ofgehaal gouf, war eng méi lass . Fir flott Musek huet den DJ Mani gesuergt. Di zwéin Clowns, den Patrick Antony an de Marc Wagner hun d'Kanner an d'Elteren de ganze Mëtteg iwer mat flotte Spiller an Dänz op Trap gehaal. Et war ee ganze schéinen Nomëtteg mat vill Amusement a Spaass. Kuckt Iech di vill a schéin Fotoen un, déi ech fir Iech geschoss hun. Vill Spaass beim kucken: Charel Reiser