37. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

37. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

Eng Organisatioun vum Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster

De Weekend vum 17. an 18. Juni stoung dëst Joer erëm eng Kéier am Zeechen vun de Konschthandwierker-Deeg an der Buerg. Eng Hällewull vu Leit konnte sech déi zwee Deeg vun der Qualitéit, déi hinne gebuede gouf, iwwerzeegen.

D’Verkafsstänn waren vum ënneschten Duerf bis erop op d’Schlass verdeelt. Och am Schlass hat en d’Méiglechkeet d’Wueren vun 22 Aussteller ze bewonneren an ze kafen.

130 Handwierker haten de Wee an d’Buerg fonnt, fir de Leit hiert Handwierk virzestellen. Vun deene waren eng fënnefanzwanzeg Aussteller dëst Joer fir d’éischt mat derbäi.

Eis Duerfveräiner hunn eis, wéi all Joer, bei der Ausféierung vun dëser Manifestatioun gehollef, sief et dat se sech em d’ Entrée’s-Keesen gekëmmert hun, fir dat läiflecht Wuel vun eis all gesuergt hun oder op de Parkingen aktiv waren.

D’Aussteller an den Organisateur waren mam Resultat vun deenen zwee Deeg zefridden.

Wéi schonn déi Joren virdrun, kann e soen dass de Wee an d’Buerg sech erëm eng Kéier gelount huet.

De Komitee vum Syndicat d’Initiative freet sech op déi nächst Editioun, déi de 16. a 17. Juni 2018 um Programm steet.