(Fotoen) Syndicat d'Initiative: Präisser fir déi schéinste Blummen

De President vum Syndicat d'Initiative de la Commune de Junglinster (SIJ), Raymond Tescher, war frou, vill Membren op der Generalversammlung begréissen ze kënnen. D'Sekretärin, Sylvie Rossels-Goeders, huet en detailléierten Aktivitétsbericht presentéiert, aus diem hervirgaangen ass, datt ganz vill a gutt geschafft ginn ass. Den Highlight 2012 war erëm eng Kéier d'Organisatioun vun de Konschthandwierkerdeeg an der Buerg. Aus dem Keessbericht vum Nico Arlé ass et klar ginn, datt déi Aktivitéit, déi am meeschten an d'Keess bréngt, och d'KHD an der Buerg sinn; aner Aktivitéite hunn net vill erabruecht, oder et sinn eousguer rout Ziffre geschriwwe ginn! Schued, déi immens Aarbécht ass net unerkannt ginn! De President huet bemierkt, datt am Veräin en Ëmdenke muss geschéien, well d'Konkurrenz einfach ze grouss ginn ass. Wann zwéi verschidden Organisateure ee Jar iwwer dat anert quasi dat selwécht presentéieren, da muss dat an d'A goen. Duerfir zitt de SIJ d'Conclusioun, fir d'Organisatioun "Artistes de la commune" . déi zënter 1985 besteet - aus dem Kalenner ze sträichen. De Comité huet dem Sylvie Rossels en décke Merci gesot fir hir vill a gutt Aarbecht, déi si an dienen 13 Jar, wou si Sekretärin war, geleescht huet a si krut als Unerkennung a Belounung e flotte Kaddo an e schéine Bouquet Blummen iwwerrécht. Si gëtt am Comité ersat duerch de Marc Kemp. Duerno huet d'Buergermeeschtesch, Francine Colling-Kahn, d'Präisser un déi 21 Gewënner vum Cocours Villages fleuris iwwerrécht. (dd)