Konschthandwierkerdeeg an der Buerg (Billergalerie)

Fir déi 32. Kéier organiséiert de "Syndicat d'Initiative de la commune de Junglinster" d'Konschthandwierkerdeeg an der Buerg. Haut Samsdeg, de 16 . Juni, a mar, de 17. Juni, weise méi wéi 100 Konschthandwierker hir Konschtwierker an der Gonnerenger Gaass, am Zentrum vum Duerf, an der Strooss fir bei d'Schlass erop, am Schlasshaff an am Schlass selwer. Fir d'Iessen an d'Gedrénks suerge Veräiner aus der Buerg, vun Allënster a vun Amber/Lënster. Trotz deem ville Reen waren deen éischten Dag scho ganz vill Konschtfrënn an d'Buerg komm; a mar - wann d'Wieder jo méi schéin ass - da wäerten erëm Dausende vu Leit an de Stroossen, ronderëm d'Schlass an am Schlass d'Wierker bewonneren an och kafen. De Künstler, de Veräiner an dem Syndicat wënsche mir dee Succès, dee si all verdéngen. (dd)