Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster 40. Generalversammlung

De 27. Mäerz 2018 huet de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster (SIJ) seng 40. Generalversammlung am Festsall vun der aler Schoul vu Gonnereng ofgehalen.

De President Raymond Tescher huet d’Leit déi sech Zäit geholl haten fir an d’Versammlung ze kommen, häerzlech begréisst.

Nom Aktivitéitsrapport vun 2017, virgedroen vum Vize-President Pierre Strasser, huet de Caissier, Nico Arlé déi finanziell Situatioun vum Veräin duergestallt.

Um Programm fir 2018, konnt den Här Strasser folgend Punkten ukënnegen:

De 16. a 17. Juni fannen an der Buerg déi 38. Konschthandwierker-Deeg statt. 120 Konschthandwierker hu sech ugemellt, dovun 13 Aussteller déi fir d’éischt mat derbäi sinn.

No der Erfarung vun de lëschte Joren muss de Parking definitiv op Lënster verluecht ginn.

An der Buerg konnten d’Wisen, duerch de Reen bedéngt, net als Parking gebraucht ginn.

Also gëtt de Parking mat Navette vu Lënster aus organiséiert.

Et lount sech erëm eng Kéier fir déi 2 Deeg an d’Buerg ze kommen.

De 24. a 25. November ass «d‘ Wanterzäit » am Center Polyvalent geplangt,

eng Ausstellung mat Verkaf zum Thema « Kaddo ».

Gläichzäiteg gëtt de Chrëschtbeemercher‘s-Concours fir d‘Schoulklassen aus eiser Gemeng organiséiert, woubäi och Dir op der Platz ofstëmme kennt.

De Comité sëtzt sech fir 2018 folgendermoossen zesummen:

Raymond Tescher, Pierre Strasser, Nico Arlé, Gaby Wagner, Henri Kerger, Audrey Breger-Helminger.

Duerno koum et zur Präisverdeelung vum Concours „Villages fleuris“.

D’Gewënner vun 2017 sinn:

D’Famill H. Buchholtz, Jonglënster,

d’Mme C. Ernsdorff, Gonnereng,

d’Famill J.P. Frost-Muller, Buerglënster,

d’Famill A. Fusenig-Olinger, Gonnereng,

d’Famill R. Kolbach-Hommel, Allënster,

d’Famill J. Ludwig, Beidler,

d’Famill Mossong-Walin, Eesebuer,

d’Famill N. Muller-Berchem, Buerglënster,

d’Famill L. Santer-Steil, Gonnereng,

d’Famill E. Schreiner-Roelandt, Jonglënster,

d’Famill R. Schuller-Hilbert, Jonglënster,

d’Mme M-Ch. Thein, Roudemer.