Schéi Präisser fir déi schéinste Blummen beim S.I.J.

Am Kader vu senger Generalversammlung huet de Lënster Syndicat erëm eng Kéier déi Familljen ausgezeechent, déi dat lescht Jar déi schéinste Blummen bei hiert Haus geplanzt haten. 20 Familljen hunn eng Enveloppe mat 40 Euro kritt, fir si z'encouragéieren esou weider ze fueren. No der Versammlung gesäit de Comité esou aus: President: Raymond Tescher; Vizepresidenten: Aly Frisch a Pierre Strasser; Sekretär: Marc Kemp; Keessier: Nico Arlé; Membren: Edouard Frisch, Henri Kerger, Josy Neuens a Gaby Wagner. Keessekontrollere bleiwen den Serge Pommerel an de Jean-Paul Osweiler