Féier ausser Kontroll zu Bitscht

D’Pompjeeën vun der Gemeng Géisdrëf goufen gëschter Owend (18/10/2012) géint 19h30 op Bitscht geruff wou no Bëschaarbeschten d’Gesträichs op e puer Kéip verbrannt gouf an een Féier dovunner ausser Kontroll geroden ass, direkt op e puer Meter nieft hëlzen Chaleten.

D’Pompjeeën vun der Gemeng Géisdrëf, déi mat 3 Gefierer an 10 Mann op der Plaatz waren, haten d’Féier séier ënner Kontroll. D’Police vun Dikrech huet op der Plaatz enquêtéiert.