Generalversammlung vun de Pompjeeën Gemeng Géisdrëf

Den 21. Januar 2011 hunn d’Pompjeeë vun der Gemeng Géisdrëf hier 9. Generalversammlung, zënter der Fusioun vun den 3 Corpse Bitscht, Dol-Nacher a Géisdrëf-Boukels, zu Géisdrëf am Veräinssall ofgehalen

De Corps zielt aktuell 88 Memberen, dovunner 41 Aktiver, déi am läschte Joer 38 mol am Asaatz vun hiren Matbierger stoungen. Dëst haaptsächlech fir Verkéiersaccidenter a Stuermschiet, mä och e puer Mol hunn Persounen an Déieren aus enger Noutsituatioun befreit misste ginn. Bränn goufen et am Joer 2010 keng ze verzeechnen, wéi aus dem Tätegkeetsbericht vum Sekretär Jérôme Kihm ervirgeet.

De Kommandant Aly Greter felicitéiert fir déi gutt Resultater bei den nationalen an internationale Concoursen a bei der internationaler Vëlosmeeschterschaft, mä hie bedauert leider och déi geréng Präsenz op de Übungen an op den Asätz. De Corps bitt dofir dat nächst Joer senge Memberen nach méi Übungen un, fir dass och déi Leit déi aus beruffleche Grënn net ëmmer kennen dobäi sinn méi regelméisseg un der Formatioun deelhuele kënnen. Ausserdeem seet de Kommandant der Gemeng Merci fir den néie MTW (Mannschaftswoon) den am läschte Joer ugeschaaft gouf, mat dem een eng gréisser Zuel un Pompjee kann op d’Asaatzplaatz transportéiere souwéi och bei den Aktivitéite vun de Jugendpompjeeë wäertvoll Déngschter ka leeschten.

„Ech zéie mäin Hutt virun der formidabeler Jugendaarbecht am Corps“ bewonnert de Regionalinstrukter Alex Petitnicolas déi Responsabel vun der Jugend déi 2010 net manner wéi 2000 Stonnen an Usproch geholl huet. Ausserdeem weist hien och dorop hin wéi wichteg et ass als Pompjee regelméisseg un de Formatiounen a Übungen deelzehuelen och wann elo all fräiwëllege Pompjee laut Gesetz forcéiert ass un de éischten 2 Formatiounen deelzehuelen. Wéint der grousser Nofro un dësen 2 Formatioune wäerten dës wahrscheinlech och zousätzlech op kantonaler Basis ofgehale ginn.

Och de Buergermeeschter Arthur Schockmel fuerdert d’Membere vum Corps op méi Präsenz an de Übunge souwéi Weiderbildungen ze weisen, well schliisslech geet d’Evolutioun vun der Technik weider an d’Pompjeeë ginn hautdesdaags, virun allem op der Strooss an an der Industrie, mat nach méi komplexe Gefore konfrontéiert wéi fréier an en breetgefächert Wësse vun engem Pompjee hëlleft am Asaatz net nëmmen sech selwer mä och seng Pompjeeskomeroden a Matbierger besser ze protegéieren.

Text & Foto: Pompjeeën Gemeng Géisdrëf