Kamäibrand zu Nacher


En Donneschdeg (24.03.2011) goufen géint 21h00 Auer d'Pompjeeën aus der Gemeng Géisdrëf mat hiren Kollegen vun Wooltz op Nacher op en Kamäibrand geruff.

Op der Plaatz ukomm hunn d'Pompjeeën festgestallt dass d'Awunner vum Haus an der Zwëschenzäit d'Féier selwer geläscht kruten.

Op der Plaatz war och eng Patrulle vun der Police vun Wooltz.