25 Joerfeier vun der Amicale vun den Guiden a Scouten Cents

De lëschte Sonndeg huet d' Amicale vun den Centser Guiden a Scouten hire 25 te Geburtsdag gefeiert an zwar mat enger marche gourmande. Mir konnten 85 Invitée begréissen. Mir hun am Sall èennert der Kirch mam Kaffi ugefangen, duerno se mer an de Sall Gabriel de Marie gang, wou den Apéro servéiert gouf. Géint Mëtteg wore mer dun all zesummen am Junckerhaus ( Scoutshome )fir de Festmenu mam Geburtsdagskuch ze genéissen. Nodems de Präsident én klenge Reckblëck gemat hat, krut all Famill e Prabeli mam Emlême drop geschenkt, dén och gleich an den Asatz koum.
En dëcke MERCI un all déi Leit, déi zum Gelenge vum Fest beigedroen hun.