Absurdcup 2011

Dëst Joer wor den Absurdcup (Spiller ouni Grenzen) zu Leideleng. Dat ganz gouf organiséiert vun der Branche AvEx an dem Leidelenger Grupp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Trotz dem fiichte Wierder haten eng ronn 120 AvEx aus ëm ganze Land de Wee op Leideleng fonnt, fir ëm déi éischte Plaatz de spillen. An et wor net einfach niewent "Riesen Sackhüpfen", "Kimspill" an engem Quiz woren nach vill aner Spiller ze meeschteren.
Op déi éischt Plaatz as Trupp vum Cents komm, gefollegt vu Leideleng an erëm Cents.
Majo, da waarde mer elo schonns gespaant op d'Editioun 2012 an dorop dass déi Centser hiren Titel kenne verdeedegen.