AvEx-Steenzäit-Camp um Neihaischen

Donneschdes den 2. Juni 2011 hun sech eng 50 Jonker am Alter tescht 11 a 14 Joer aus den Guiden a Scoutsgruppen vun Käl, Äischen, Diddeléng, Iechternach, Kiem an Cents um Neihaischen zesumme fonnt, fir während 4 Deeg op de Spueren vum Oetzi ze entdecken wéi Menschen fréier gelierft hun.

An 6 gemeschten Ekippen erlierwen se den Alldag vun de Menschen vun deemols, se kachen um Feier, splecken a schneiden hiert Brennholz selwer, kréien vun externen Experten erklärt wéi fréier mat Pfeil a Bou gejot gin ass, an paken och kräfteg eng Hand mat un bei der Präparatioun vum Iessen.

Nierft dem Iessen steet awer och de Spaas, an dat gesellecht Liewen rondrem d Lagerfeier am Mettelpunkt wou déi eenzel Ekippen, wéi ener anerem "Pink Dinos", oder d"Steenzäitfreaken" e klengen Optrett präparéieren an dann och weisen.

Eng originell Verkleedung vun deenen Jonken sou wéi och d'Plaaz, mam Keltenhaus um Neihaisgen droën derzou bäi, dat di Jonk sech besser an d Situatioun vun de Leit deemols kenne versetzen.

Bis e Sonndeg stinn nach weider spannend, leschteg an interessant Aktivitéiten um Programm. Weider Informatiounen kommen no