Buergbrennen 2012 annoncéiert sech


D' Buergbrennen 2012 (dest Joer de 26. Febuar) um Cents annoncéiert sech mat eiser traditioneller Sammlung vun äre Krëschtbeemecher e Sonndeg den 8.1.2012 ab 9:00 Auer. Dest Joer komme mir sonndes lanscht, als Reaktioun op d Ufro vu Leit, déi hire Beemchen réischt samsdes an aller Rou wellen ofrichten.

Wann Dir eis ennerstetze wellt, an ären ausgedengte Kreschtbeemechen enger gudder Aktioun wellt zur Verfügung stellen, da leet eis en w.e.g e Sonndeg virun 9:00 op den Trottoir virun ärer Dir. Mir kommen en am Laaf vum moien asammelen.

MERCI am Viraus fir är Matarbecht