Absurdcup 2012 - en Dag voller Aktioun um Cents!

Ewéi all Joer huet d'AvEx Ekipp op hiren Absurdcup invitéiert. All d'AvEx (Jugendlecher am Alter tëschent 11 a 14 Joer) vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten konnten un deenen absurden Spiller deelhuele. Eng Partie Keelen op der Wiss, eng hëlze Maus erschloen, duerch Pneuen klammen, Lidder erroden an an an, 14 verschidden Spiller stoungen deenen 28 Ekippen zur Auswiel. Eng Ronn 170 AvEx haten de Wee op den Cents fonnt. Mee virwaat grad um Cents? Lescht Joer zu Leideleng haten déi Centser AvEx gewonnen an doduerch och déi Éier den Absurdcup 2012 bei hinnen ze maachen. De Grupp huet sech dunn natierlech ëm de Catering gekëmmert. D'Nächst Joer geet et op Stengefort, obwuel Si nëmmen op déi 3 Plaatz komm sinn. Mee déi Éischt an déi Zweet Plaatz sinn och dëst Joer nees un den Cents gaangen. A mir wëllen jo alt e bësschen Ofwiesslung. Ech mengen e huet den AvEx all Spaass gemeet, zemol bei deem super Wieder, an Si sinn all nees monter heemkomm.