Frendschaftsowend vun den Centser Guiden a Scouten

Am Kader vun hierem tradtionellen Frendschaftsowend konnten déi Centser Guiden a Scouten läschte Samsdeg de 4. Dezember eng honnert Leit begréissen fir hinnen MERCI ze soen, fir hieren Engagement, deen Sie gewisen hun am Dengscht vun den Aktivitéiten vun deem Jugendmouvement

Nierft de Memberen vun der Amicale vun den Centser Guiden a Scouten, waren och all di Leit ageluede gin, di am Laaf vum vergangen Joer punktuell gehollef hun. Iwer dese Wee soen déi Centser Guiden a Scouten hinnen, an och Deenen, di e Samsdeg net konnte kommen nach emol e grousse MERCI.

No engem Owesiessen, sin e puer Fotoen gewise ginn, vun den Aktivitéiten, di am läschte Joer organiséiert goufen, souwéi e klengen Ausbleck op de Gruppecamp, deen am Juli 2011 wäert zu Suessem statt fannen. Ganz besonneg hun d'Leit sech gefreet iwer de Besuch vum Kleeschen, deen och Séissegkeeten do geloos hat, mee awer och heinsdo senger Assistentin gesot huet "Breng mir mol meng Rutten".

Alles an Allem, war et e gelongen Owend, an di Centser Guiden a Scouten freeën sech schon drop d'nächst Joer nees vill Leit op hierem Frendschaftsowend begréissen ze kennen, fir hinnen MERCI ze soen, fir alles wat se am Laf vum nächste Joer wäerten maachen