A.S. Colmar-Berg - F.C. Préizerdaul-Réiden

Bei gemittlechen Temperaturen stoungen sech e Sonndën um 15 Auer d'Équipen vu Colmar-Bierg an dem Fusiounsveräin F.C. Préizerdaul-Réiden géigeniwwer. Fir den FCPR wor et d'Chance sech vun den direkten Ofstiegsplazen ze distanzéiren an domatt och vu Colmar-Bierg. Fir Colmar wor et souzesoën déi lescht Chance sëch nach iwwer Waasser ze halen.

Den FCPR ass no den 3 Punkten géint Iechternach matt vill Selbstvertrauen an de Match gaang, mee och Colmar konnt nom gewonnene Match géint Biissen der Saach positiv begéinen.

Sie woren et dunn och déi praktësch mam Upaff den 1-0 markéiert hunn. Den Ivo hat agenetzt. Den FCPR wor liicht schockéiert, huet dunn ewer direkt d'Zigel an d'Hand geholl, Drock gemeet an déi eng oder aner Chance erausgespillt. Dëst sollt och dozou féiren dass de Goalkeeper vu Colmar matt enger rouder Kaart vum Terrain gesat gouf. Just virum 16 Meter huet hien als leschte Mann virum Goal de Ball matt der Hand blockéiert. Den Arbiter huet net gezéckt.
Den FCPR huet weider Drock gemeet an den Yann Schneider huet matt engem Kappball no Fräistouss den 1-1 markéiert. Just virun der Halbzeit ass dem Lex Lullingen den 2-1 Kappball gegléckt. Mam 2-1 goung et dunn an d'Paus.
No der Paus konnten déi Colmer och weiderhinn net iwwerzeegen, just per Standardsituatiounen konnten sie Gefor virum Claude Mausen säi Goal bréngen. Den FCPR huet et ewer och ëmmer rëm verpasst de Sak zou ze man. Et wor den Rui dee no zëch Ugrëff dun den 3-1 markéiert huet.
Bis zum Schluss ass net méi vill geschitt. Den Lex Lullingen gouf no aggressivem Spill nach matt Giel-Rout dusche geschéckt.
Auswiesslungen beim FCPR:
Alex fir de Ruben
Johanne Reiser fir de Rui
Pit Peller fir den Tun (Trainer)