Accident mat 2 Autoen zu Ehleng

Den 10. Oktober gouf et geint 9:40 en Opfueraccident zu Ehleng an der 3 Kantonsstroos. Dobai gouf eng Persoun liicht blesseiert, desweideren wuar net secher op Betriebsstoffer geingen auslaafen.

Dei Ehlenger Pompjeeen wuaren mat 3 Mann, dem TLF 2000 an dem GW-S waerend enger Stonn op der Plaatz, virun allem fir ofzesecheren an bei der Biergung vum Patient ze hellefen.

Op der Plaatz wuaren ausserdem nach eng Ambulanz an den Sauvetage vun Scheffleng an eng Patrull vun der Police Grand-Ducale, CI Esch/Uelzecht.