Kierchtuermspromenaden 14 - Gäichel: Een Deel Lëtzebuerger Gastronomie-Geschicht

De Jean-Baptiste Dhuren a seng Fra Barbe Peckels hunn 1852 en Haus am Bau kaaft um lieu-dit «La Gaichel» an et ageriicht als Ferme-Auberge. (dat war am Joer wou de Moler Redouté gestuerwe war an eis 2 éischt Timbren erauskoumen. ‘Randonneure’ kruten an der neier Auberge eng ‘cuisine simple basée sur les délicieux produits régionaux’. Mä hier koumen och alt Gäscht aus dem Kolpecher Schlass an ‘t gouf hei e faméist Rezept aus der Schlass-Kichen ausprobéiert.

D’Kächen hat Succès mat de faméisen Écrevissen. D’Rezept vun der Madame Barbe hirer Spezialitéit bleift e Secret ‘de mère en fille…’! Ënner hirer Enkelin entstoung de Park... an d‘excellent Adress vum Haus Nr. 5 gouf lues a lues en ‘havre de paix’. D’Haus Nr. 7, d’bonne Auberge mam hallefronnen Ubau offréiert zënter 1936 en Dépaysement a stoung als «Petite Gaichel» mam Noper zäitweileg a Konkurrenz… bis hir Kanner sech 1953 bestued hunn.

D’Gäichel läit vu Bëscher a Quellen ëmginn an der Gemeng Habscht un der belscher Grenz. S’ass no bei Guirsch... wou den Hunne-Kinnek Attila ee Stützpunkt hat an emol 3 Schlässer stoungen. Där sinn hei keng, mä gastronomesch Häiser an deene romanesch a germanesch Iesskultur ‘verschmëlzt’! D'Millebaach entspréngt um Areler Bann. Se fléisst bei der Grenzmaark LB 99 an d'Land an um Äischener Flouer an d'Äisch.D’Fëschbornmillen ass haut d’Wunnhaus Nummer 2. D' Nationalstrooss N8 huet hei Uschloss un di belsch N844. An d’bal 3 km laang Montée ‘la Petite Gäichel’ hanner Arel fuerdert Cyclisten eraus…

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/gaichel.html

Fotos: Archives LW