Kierchtuermspromenaden 27 - Hëpperdang: Op Inte schéisse war strofbar

Hëpperdang breet sech aus op 508 m Héicht an enger Zort Cuvette - geschützt mä net ageengt. Et gëtt hei e Centre Culturel, e Footballsterrain an eng Internetstuff an der aler Schull. D‘Entente Hëpperdang, d.h. d‘Jeunesse, d‘Musek an de Foussball gëtt et säit 1988. Si konnt ‘durich den Ideen-Austausch tëschent Jung an Aal eng nei Dynamik ausliisen an griisser Manifestatiounen organiséieren, déi fir ee Veräin aleng net ze realiséieren gewiest wirren‘… beispillsweis dat entretemps ganz bekannte Béierfest!

Hëpperdang zielt haut 87 Menagen mat 248 Awunner, genee 26 Leit méi wi 1848. Laut Statistik vun 2003 hat et 17 vun der Gemeng Hengescht hire 40 landwiertschaftleche Betriber! Nenne mer vu sengen haut 12 Bauerenhieff de Schanck-Haff an der Duarrefstrooss, dee seit 1980 als éischten am Land biologesch-dynamisch exploitéiert gouf an ënner anerem Kéis-, Botter- a Joghurt produzéiert. Bei der Felderzesummeleeung 1968 wousst nach keen, dass 2006 Hëpperdanger Kéisspezialitéiten e Qualitéits- a Publikumspräis kriiten.. (Dee genannten Haff zielt säit 1988 zur BIOG, huet eng eege Bäckerei, ëm 40 Mëllechkéi, 6 Beievölker, en Dauweschlag, 3 ha Muerte-Felder an e klenge Buttek.)

Bestanddeel vu ländlech-reliéiser Baukultur sinn hei 5 Wee-Kapellen an net wäit vum Duerf e Schieferkräiz vun 1866; dëst weist d’helleg Anna beim Schreiwen an e Buch nieft dem Bamberger Keeser am Kréinungsornat, dem hl. Heinrich. Ganz al ass d’Notiz vun 1282, laut där den Arnold von Pittingen ‘la ville de Hupperdange’ geschenkt krut vun Henri VI.. Den ‘droit de chasse’ a “Schöffenweistum“ aus dem 16. Jh. ernimmt d’Cour de Hupperdange, d‘Seigneurie de Pittingen, Scheffen, ’Freischafftleut’ an gängeg Methoden ’zu fischen und zu jagen‘. Innteschéissen vun Duerfleit war z.B. strofbar! - D’Duerf zielt neierdengs zur Gemeng Clierf an ass een Uert vun 10 vum Porverband Cliärref - Héinescht - Munzen.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/hupperdange.html


Fotos: Archiv LW (John Lamberty)