Kierchtuermspromenaden 22 - Esch-Uelzecht: e ‘patrimoine architectural haut de gamme’

Haut maache mer eng Promenade an Esch, an d ‘Minettemetropole déi ewell iwwer 29.800 Awunner zielt. Hir 4 Poren forméieren e Porverband. Hiren haitege Regional Dechen Raymond Streveler sot zur 100 Joer Stad-feier e schéine Saz: ‘fir Esch war d’Integratioun vun de Mënschen, déi si geprägt hunn, ganz wichteg.. se huet hinnen e pastoralen a sozialen Zesummenhalt ginn!’ Dee Gedanken ergänze Wierder vum aktuellen Theater-Intendant Charles Muller ‘Begéine sech di richteg Mënschen… kann ëmmer Grousses entstoen’!

Esch-Uelzecht huet e ‘patrimoine architectural haut de gamme’. Et wollt als capitale économique mat der politescher Haaptstad rivaliséieren. Senger toleranter Police des bâtisses, der Recherche vun Esthetik an artistescher Libertéit verdankt et säin aparte stylistesche Langage’, schreift de Robert L. Philippart. D’ Fassade vun der Häerz-Jesu Kierch weist 3 Niveauen, déi symbolesch si fir d ‘Dräifaltegkeet an ass ganz esthetesch. Den héije Klackentuerm erhieft e modernt Kräiz. D’Fënschteren, de Mosaik, an d’Altär sinn konschtvoll a Creatioune vu Bekannte Nimm, deels vum Aurelio Sabbatini… deels vu senger Duechter Bettina. D’Statioune sinn an de klengen ronnen Fënschteren vun de Säiteschëffer.

D ‘wäertvoll elektro-pneumatesch Haupt-Uergel staamt vu 1935. Si war an hirem Baujoer eent vun de lëtzebuerger Pronkstécker bei der Bréisseler Weltausstellung! An am Dezember 2010 huet si beispillsweis e Gospel-Concert an d’Bäerbelefeier encadréiert.


Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/esch-sur-alzette.html

Fotoen: Guy Jallay, Marc Wilwert, Serge Waldbillig, Archiv LW, mywort-Archiv