Kierchtuermspromenaden 25 - Am Mariendall gouf am Joer 1230 eng Kapell gebaut

Op eisem Tour duerch d’Land besiche mer emol e wanterleche Mariendall an der Gemeng Tënten. ‘t wunne Mëtt Januar 2011 e puer Privatleit do an 121 Réfugiéen. Op dëser Plaz vum Äischdall hat den Thierry vu Miersch, de Mundschenk vun der Ermesinde, 1230 eng Kapell gebaut. Hien hat nämlech do an engem huele Bam e Madonnebild fonnt. An dat war den Ufank vun enger laanger Geschicht! D’Plaz huet Pilger ugezunn, aus der Kapell gouf eng Kierch a bei si koum kuerz drop e Klouschter... gestëft vun deem generéise Mierscher Här.

Wéi d’Wäiss-Pateren d’Mariendaller Klouschter 1974 verlooss hunn koumen der Yolanda hir stierflech Iwwerreschter op Veianen; si war do 1231 als Kand vum Grof Henri I. gebuer… Se war géint de Wëlle vun hiren Elteren 1248 Dominikanerin ginn am Vallis Mariae - an ass de 17. Dezember 1283 no 35 Joer Klouschterliewen do gestuerwen... (a gouf geschwënn séileg gesprach.) Ënner hir entstoung eng fënnefschëffeg gotesch Klouschter-Kierch mat 4 Säitenaltär - 50 Meter laang a 35 Meter breet - vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Ënnert hirem Altor war der Yolanda hiert Graf.

Den zimlech neigegrënnten Dominikanerinnen Uerde krut ënner der Yolanda en Opschwonk; si war nämlech hei vun 1258 un 25 Joer seng éischt Priorin. Gräflech Schenkunge vu Lännereien, e Reliquie-Kaaf an eng Bibliothéik hunn dem Klouschter eng wiertschaftlech a kulturell Bléi bruet… Dobäi koum 1343 eng Duchwiewerei fir den eegene Besoin. Eng Pietà aus Alabaster vu 1612 erënnert an der Tëntener Kierch un de ‘Val Marie’. Ënner der Catherine vu Manteville, Enn de 1720ger, entstoung e Klouschterneibau - dee Joseph den II. allerdéngs 1783 privatiséiert huet. De wäertvolle Mobilier koum an aner Kierchen.

E Chronogramm vun 1847 iwwer der Hannerdier vum Haaptgebai erënnert u seng deemooleg Erbauer ‘Zu Éieren vu Gott, der séileger Jongfra, dem séilege Jang, Néckel a Justine huet dëst gebaut a geweit am Marien-Dall’... ass do agravéiert. (D’Koppel war de Jean-Nic Neyen an d' Justine Petit.) Wéi den ale Bau verfall war viru gutt 200 Joer, hate Baueren hir beschiedegt Dierfer mat senger Steng opgebaut, an en Deel gouf an de Ställ vum Walfer Schlass verbaut, verréit d’Buch 'Kulturrouten’. Am Dezember 1882 hat den Historiker Auguste Neyen der Priorin hire Schädel gebuergen.



Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/mariendall.html


Fotos: Archiv LW (Guy Jallay, Jean Weyrich, Le Sibenaler, Marc Thill, Teddy Jaans)