Kierchtuermspromenaden 26 - Walfer: eng Gemeng mat Geschicht

D‘Gemeng Walfer huet e Naturschutzgebitt mam schéine Numm Sonnebierg, eng protegéiert Zone mat Orchideeën, 17 Zorten Heesprénger an iwwer 40 Päiperlécks-Aarten. Hir fréier wichteg Rouse-Kultur an d'Industrie vum Gips sinn ‘Tempi passati‘; d‘Agriculteure’ vertrëtt hei nach ee Betrib. Notize no vun 1822 hunn heirëmmer der Uelzecht hir Iwwerschwemmmungen d’Wise fruuchtbar gemat.

D’Gemeng ass mat hire 706 Hektar di zweetklengst am Land an huet mat hiren zesummegewuessene Sektiounen Helsem a Biereldeng haut manner Wisen. Ënner hire 7698 Awunner hu 49 % vun de Leit 90 verschidde Nationalitéiten.... Walfer eleng zielt 946 Awunner, déi emol Wallëfer oder Walferter genannt ginn!

Walfer läit un der Nordstreck an un der N7, iwwer déi deeglech ronn 26.000 Autoe passéieren. An d’Galerie vu senger Gipsmine koum 1968 en Europäesche Laboratoire fir Geodynamik a Seismologie. Säit Mëtt de 1990ger zéien d’Walfer Bicherdeeg, iwwer 10.000 Visiteuren un. D’Kulturministesch Octavie Modert gesäit an deem gréisste lëtzebuerger ‘salon du livre’ een “indicateur de popularité” vum Buch!

Iwwer d’Uertschaft selwer gëtt et munches ze liesen... Do hat z.B. Guillaume I. op der grénger Wiss mä no bei der Stad e kinnecklecht Gestüt an dernieft säit 1828 e Schlass. Ganz populär war de Brudder a Lieutenant-Représentant vu Wellëm III., de Prënz Hary, dee mat der Amalia hei Chrëschtdag d’Kanner beschenkt huet… Hie war bal 30 Joer hei doheem an ass onerwaart un de Riedele gestuerwen.

Duerno koum kuerz d’Post an d’Schlass. Ronn 15 Joer, bis 1905 war de Bau dann zweet Residenz vum Grand-Duc Adolphe. (D‘Haffkapell an der Kierch dengt haut als Dafkapell.) Spéider gouf d’Schlass ënner anerem Léierinne-Normalschoul... a nom Krich Kasär bis 1967. Hunn do Zaldoten emol Autostop gemat, koum et vir, dass de Prënz Felix si ‘ingognito’ matgeholl huet....

Quasi duerch den Zentrum vu Walfer verleeft onsiichtbar d’Helsemer Grenz - d‘Kierch zielt zum éischten an och d‘ “Kromm Längten” (e Flouernumm deen als ’gebogene Längsrichtung’ erkläert gëtt.) Mä d‘Gare an der Uni hire CAMPUS WALFER zielen zu Helsem.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/walferdange.html


Fotos: Archiv LW (Luc Ewen)