Kierchtuermspromenaden 21 - Esch-Sauer: Sauerschleif mat Buergruin

Den Esch/Sauer Seigneuren aus dem ‘Ardenner Grofegeschlecht’ hir Buerg wär di eelst am Land... heescht et! Zwee vun hire Grofen den Henri a Godefroy hate viru 900 Joer zesumme mam Gottfried vu Bouillon um éischte Kräizzug deelgehol. (...1096/’99). Deen imposante Biergfried a Rauteform an de ronne ‚Lug’- oder ‘Logtuerm’ zéien ëmmer nach Blécker un: An 2008 krut d’historesch Plaz fir d’Legende-Nuecht e Präis fir innovativen Tourismus! Mä ’t gëtt donieft hei vill remarkables, z.B. en Nuetsmaart mat ronn 10.000 Besucher, e Bicherhotel - an fir eist bekannste Kichekraut de Numm ’Péiterséilchen’.

Esch/Sauer, huet 316 Awunner, läit un enger Sauerschläif a seng Buergruin ass owens romantesch beliicht. Se trount op engem 500m héige Fiels, ass Staatsbesetz säit 1893, consolidéiert, a ‘monument classé’ säit 1936; de Kierfech mat der Kapell an der Lannenallee ass dëst säit 1955. Hei fale wéi an de Feudaldierfer Klierf, Veianen, Useldeng a Simmer ronderëm de Mächtegen hir Schlässer onproportionnell modest Häiser op (G. Calteux). A Konfliktsituatiounen war et ideal no beim Schlass ze wunnen!

Am Iechternacher Codex Aureus erwähnt en Akt d’Duerf an ee Nebelungus, deen ëm 774 der Abtei Gidder a Sklaven vermaat hat… (dat war ufanks vum Charlemagne sengem Règne.) Am Joer 927 krut de Meginaud ’Asko’ duerch en Tosch mat der Abtei Stavelot; an et entstoung do dann e Wunntuerm mat Dépendancen. Godefroy II. war Seneschal vu Lëtzebuerg an Tuteur vum jonken Henri VII.. Aus dem 13. Jh. stamen de Fräiheetsbréif, den Ausbau vun der Kärbuerg an d’Schlasskapell; aus dem 14. d’Réngmauer, un déi spéider Häiser gebaut goufen… an d’Opdeelung ënner d’Häre vun Kronenburg, Falkenstein a Branebuerg. D’kuckeswäert Logkapell ass vu 1628, deen eelere ‘Logtuerm’ hat laang eng Wiechter-Roll.

Am 19. Jh. hunn Doléiner an de Schlassmauere gewunnt, déi de Victor Hugo als 'ruine très farouche’ beschreift... D’spéitromanesch Schlasskapell mat Krypta an Tribüne fir d’Herrschaft huet de Charles Arendt 1906 restauréiert. D’Esch-Sauer Kierch huet fréier zur Mammepor Eschduerf gehéiert. Se koum 1757 op al Felementer a krut den Tuerm knapps 50 Joer duerno. Hiren Altor soll vun Orval kommen an ass en Exempel vu barocker Mariefrömmegkeet. Hir Reifferscheid-Uergel vu 1901 koum no 100 Joer ënner Denkmalschutz.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/esch-sur-sure.html


Fotoen: Guy Jallay, John Lamberty, Paul Hinger, Tessy Hansen, mywort-Archiv