Galaconcert “Fifty Shades of 70’s” vun der Fanfare Gouschteng-Beyren

Op Päischtsamsdeg huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren mat hirem alljährleche Galaconcert, dëst Joer ënnert dem Motto “Fifty Shades of 70’s”, d’Publikum op eng Zäitrees an d’70er Joren agelueden. Den Dirigent Didier Wein hat en usprochsvolle Programm zesummegestallt deen eis Musikanten mat vill Asaz gespillt hunn an deen d’Leit begeeschtert huet. Vu Chansons (Vive la France – les plus belles chansons françaises, The Story of Demis Roussos, Joe Dassin, Michel Sardou), iwwer Rock (The Simon and Garfunkel Collection, Deep Purple Medley, Tribute to Elvis), bis Disco (Village People Hit Mix, Mamma Mia – the Musical, The Magic of Boney M) waren all Facetten aus den 70er Joren vertrueden. Viru vollem Sall huet de President Alain Thill duerch den Owend moderéiert an dobäi vill Souveniren erwächt. Iwwer 120 Leit ware komm fir mat op déi musikalesch Rees ze goen, dobäi déi flott Dekoratioun ze bewonneren an déi vill Fotoe vu Musikanten an der Musek aus de 70er Joren ze kucken. Dobäi huet deen een oder deen aneren sech ganz iwwerrascht drop rëm erkannt.