GENERALVERSAMMLUNG FANFARE GOUSCHTENG-BEYREN

Gouschteng – Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng – Beyren hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen fir op d’Joer 2017 zréckzekucken.


De President Alain Thill huet am Numm vum Comité all Invitéen, a besonnesch den neien Buergermeeschter Roger Barthelmy an d’Vertrieder vum Schäffen an Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler, den Éierepresident Lucien Mathieu, esou wéi den Vizepresident vun der UGDA, den Raymond Peters begréisst.


D’Sekretärin Martine Duchscher huet en detailléierten Réckbléck op d’Aktivitéiten vun 2017 gi mat speziell dem Galaconcert “Schlagermove“ wou de ganzen Sall begeeschtert matgemaach huet an dem Wanterconcert wou d’Musek en Don vun 2.500 € un den Institut Saint Joseph vun Betzder iwwerreecht huet.


Méi kulinaresch Aktivitéite waren den éischten éisträicheschen Dag, de Wëld-, Fësch- a Mullenowend an de Fuesbal Pupes Mupes. Och den Optrëtt vun der Band „The Strawberries“ am Freidescafé “Bei den Tutebattien” hat vill Succès. De Café deen d’Musek selwer bedreift ass all Freides ab 17:00 Auer en Treffpunkt den aus dem lokale Liewen vu Gouschteng nët méi ewech ze denken ass.


Fir 2018 stinn och schonn eng Rei Saachen un an zwar nom grousse Succès vum leschte Joer déi zweet Oplo vum éisträicheschen Dag den 18. Mäerz. Karfreideg gëtt et erëm Fëschgratin an de Galaconcert den 19. Mee ass e Réckbléck op 71 Joer Fanfare Gouschteng-Beyren.


E ganz speziellen Highlight fir dëst Joer ass en Ausflug op Dreischor an Holland zesummen mat der Nopeschmusek vu Greiveldeng. Déi 2 Museken wärten do eng hollänesch Wäikinnegin am Cortège begleeden an e Concert zesummen spillen.


D’Caissière Edmée Rauen huet de Bilan gemaach an déi ganz gesond finanziell Situatioun presentéiert. De Josy Sadler huet am Numm vun den Keesserevisoren confirméiert, dass d’Keess och dës Kéier ganz gewëssenhaft a korrekt gefouert ginn ass, wourop d’Versammlung dem Comité Décharge ginn huet.


Den Dirigent Didier Wein huet Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an konnt och dem Edmée Rauen félicitéieren dat vun 44 Prouwen 43 mol do war. Hatt krut e klengt Geschenk. Als Merci un all Schüler déi nach an d’Musekscoursen ginn goufen Kinosticketen ausgedeelt.


De Buergermeeschter Roger Barthelmy huet am Numm vun der Gemeng versprach datt och den neien Schäfferot weiderhin en oppen Ouer fir d’Doléancen vun der Musek huet.


Am Numm vun der UGDA huet den Raymond Peters dunn d’Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer un d’Kim Mühlen an un d’Jil Mühlen iwwerreecht. Den Remy Engeldinger krut d’Médaille en argent Grand-Duc Adolphe fir 50 Joer. A senger Ried huet en och nach eng Kéier déi gutt Atmosphère am Veräin ënnerstrach a jiddereen fir déi excellent Aarbecht gelueft.


De neie Comité setzt sech zesummen aus: Alain Thill (President), Gilbert Beckius (Vize-President), Martine Duchscher (Sekretärin), Edmée Rauen (Caissière), Annick Beckius, Mireille Mathieu, Adrien Mühlen, Christiane Schmit, Netty Tondt.