Wanterconcert vun de Fanfare Goschteng-Beyren

Wéi all Joer huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren viru Kuerzem mat hirem Wanterconcert erëm de Publikum begeeschtert. Viru vollem Sall huet de President Alain Thill duerch den Owend moderéiert. Den Dirigent Didier Wein hat e gemëschten Programm zesummegestallt, mat Lidder wéi Music vum John Miles, Slavonic Dances vum Antonin Dvorac, Sofia vum Alvaro Soler, Pop City vum Thierry Deleruyelle oder dem Soundtrack aus dem Film Moana a natierlech villen Chrëschtlidder. An der Paus huet d’Musek e Scheck an Héicht vun 2500.- € un den Laurent Mersch, Direkter vum Institut St. Joseph vu Betzder iwerreecht. Et ass eng joerzéngtelaang Frëndschaft déi den Institut an d’Fanfare verbënnt a mat deem Scheck sollt déi nach emol ënnerstrach ginn. Den Owend konnt dunn an der Glühwäinlounge gemittlech auskléngen.